NewsKeng CBD-Produktioun zu Lëtzebuerg, also och keen Export

Den Import vun CBD-Produite ginn zu Lëtzebuerg vun der Douane kontrolléiert. En offiziellen Export gëtt et den zoustännege Ministeren no awer net.

Leschten Update: 10.09.2019, 04:28:11

© GEOFFROY VAN DER HASSELT / AFP

D'lescht Joer goufen eng 17 Päck mat Produiten, déi CBD, Hanf oder Cannabis enthalen hunn vun der Douane blockéiert an zeréckgeschéckt, dat äntweren déi zoustänneg Ministeren op eng parlamentaresch Fro vun der Deputéiert Françoise Hetto-Gaasch.
Zanter Mee 2018 wieren iwwerdeems 21 Geschäftsleit, déi Produite mat CBD op hirem Internetsite ugebueden hunn fir ongeféier 100 Echantillone verwarnt ginn.

Donieft war et nach d'Präzisioun, dass CBD-Butteker generell keng Medikamenter dierfe verkafen.

Wat den Export vu lokale Produiten ugeet, do war et d'Äntwert, dass et zu Lëtzebuerg keng offiziell Produktioun vun CBD-Produite gëtt.

Links