News4 Veruerteelungen an 1 Arrestatioun vun Hellseher

Dacks maachen se mat klengen Ziedele Reklamm fir hir „Konscht“. Verbueden ass d'Aktivitéit vum Hellseher net, ma déi néideg Erlaabnis dierf net feelen.

Leschten Update: 10.09.2019, 04:28:00

© Pixabay

Zanter 2009 goufen et zu Lëtzebuerg 4 Veruerteelungen an eng Festnam vu sougenannte „Grand Voyanten“, also Hellseher, déi jo dacks mat klenge Käertercher an de Boîte fir sech Reklamm maachen. Dat äntweren déi zoustänneg Ministeren op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Marc Goergen. Dëst 4 mol wéinst Abus de faiblesse an eemol wéinst Bedruch.

Ma d'Aktivitéit vum Hellseher wier net illegal. Wann se déi néideg Handelsermächtegung hätten, géifen se awer systematesch kontrolléiert ginn. Wéi vill där Erlaabnesser ausgestallt goufe kéint een awer net soen.
Sollt en Hellseher, dee seng Servicer hei am Land ubitt keng esou eng Erlaabnis hunn, da kontrolléieren déi zoustänneg Servicer vun der Douane dat op der Plaz.

Links