NewsTest mat vill Damp am Gousseler Tunnel den Dënschdeg

Den Dënschdeg kéint et emol am Tunnel Gousselerbierg uerdentlech dämpen. Do gëtt nämlech en neie Kabel getest.

Leschten Update: 10.09.2019, 06:41:55

© Eldoradio

Am Kader vun den Aarbechten am Tunnel Gousselerbierg wäert den Dënschdeg en neie Kabel fir Bränn ze detektéiere getest ginn, dat vun 10.00 Auer un am Tüb, wann ee vum Echangeur Schëndels an a Richtung Luerenzweiler fiert.

Wéi et vun de Ponts et Chaussées heescht kéint et sinn, dass dowéinst décken Damp aus dem Tunnel erauskënnt.

Ma all déi néideg Sécherheetsmesure wiere geholl an et geet een dovun aus, dass den Test keng Auswierkungen op de Verkéier wäert hunn.

Liest hei de ganze Communiqué:

Dans le cadre des travaux de refonte du tunnel Gosselerbierg, un test du nouveau câble de détection d’incendie, qui permet de détecter un éventuel foyer d’incendie, sera effectué le mardi 10 septembre 2019 à partir de 10 heures dans le tube en provenance de l’échangeur Schoenfels et en direction de l’échangeur Lorentzweiler.

L’Administration des ponts et chaussées tient à informer qu’il se peut que de la fumée opaque sorte du tube au moment de l’exercice.  Toutes les mesures de sécurité nécessaires seront prises, de façon à ce que ce test n’aura aucun impact sur le trafic.