NewsQueen stëmmt Gesetz géint No-Deal-Brexit zou

Déi britesch Kinnigin Elizabeth II. huet d'Gesetz iwwer en eventuellt Verréckele vum Brexit ëm 3 Méint accordéiert.

Leschten Update: 09.09.2019, 18:34:36

© Victoria Jones / POOL / AFP

Deemno ass d'Gesetz géint en No-Deal-Brexit elo a Kraaft gesat, esou d'Uewerhaus zu London. Eréischt d'lescht Woch war d'Gesetz vum Ënnerhaus ugeholl ginn. Dem Gesetz no soll de Brexit, deen u sech fir Enn Oktober geplangt war elo op den 31. Januar 2020 verréckelt ginn. Domat soll en Austrëtt ouni Ofkommes verhënnert ginn.

D'Bedingung ass awer, dass de Premier Boris Johnson bis den 19. Oktober keen Accord mat der EU ka virweisen.

Iwwerdeems huet de Spriecher vum briteschen Ënnerhaus, John Bercow ugekënnegt säi Poste bis spéitst den 31. Oktober wëllen nidderzeleeën. Falls d'Deputéiert fir Neiwale stëmme sollten, géif hien sech net méi als Kandidat opsetzen, ma och wann se sollte refuséiert ginn, géif hien den 31. Oktober zerécktrieden.
Och säin Deputéiertemandat géif hien dee Moment opginn.