NewsMichael Schumacher a Frankräich am Spidol?

De fréiere Formel 1 Weltmeeschter Michael Schumacher soll fir eng Geheimbehandlung an engem franséische Spidol sinn.

Leschten Update: 10.09.2019, 06:40:01

© AFP/Archives/YASUYOSHI CHIBA

De fréiere Formel 1 Weltmeeschter Michael Schumacher soll de Moment an engem Paräisser Spidol medezinesch behandelt ginn. Hie wier e Méindeg am Spidol Georges-Pompidou ageliwwert ginn. Dat melle franséisch Medien. Eng Confirmatioun vum Management oder vum Spidol gëtt et net.

Der franséischer Zeitung "Le Parisien" no soll de Schumacher do an der Abteilung fir Häerz- a Gefässchirurgie leien. Riets ass vun enger sou genannter "Stammzellen-Therapie".

De Schumacher hat sech bei engem Schi-Accident 2013 schwéier Kapp-Blessuren zougezunn. Iwwert säin aktuelle Gesondheetszoustand ass näischt bekannt.