NewsKeng virgezunnen Neiwalen a Groussbritannien

An nees eng Néierlag fir de Premier: D'Parlament huet virgezunnen Neiwalen refuséiert. Den Johnson huet d'Parlament dann an d'Zwangspaus geschéckt.

Leschten Update: 10.09.2019, 07:30:23

© ISABEL INFANTES / AFP

De britesche Premier Boris Johnson ass e Méindeg fir déi zweete Kéier mat senger Demande op Neiwale gescheitert. Hie krut am Parlament net déi noutwenneg Zwee-Drëttel-Majoritéit. Domat gëtt et keng Méiglechkeet méi fir Neiwale virum geplangte Brexit-Datum den 31. Oktober. Net verhënnere konnt den Johnson, dass ee Gesetz géint een ongereegelten EU-Austrëtt a Kraaft getrueden ass. Hien huet d'Parlament awer bis de 14. Oktober an eng Zwangspaus geschéckt a sot och dat hien den Datum vum Brexit net verréckele wéilt. Den John Berkow, de President vum Parlament huet iwwerdeems ugekënnegt, dass hie bis spéitstens den 31. Oktober zerécktrëtt.