NewsAlkohol am Spill: Accident tëscht Féiz a Steebrécken

Tëscht Féiz a Steebrécken huet sech en Auto iwwerschloen. Den Alkoholtest vum Chauffer war positiv.

Leschten Update: 10.09.2019, 10:37:05

© Eldoradio

Wéi d’Police en Dënschdeg schreift gouf et e Méindeg den Owend géint 18h00 een Accident tëscht Féiz a Steebrécken. Eng Automobilistin hat an enger Lénkskéier d’Kontroll iwwert hire Won verluer an ass vun der Strooss ofkomm.

Duerno huet sech den Auto op engem Feld iwwerschloen. D’Fra konnt sech selwer aus dem Auto befreien a koum duerno an d’Spidol. Een Alkoholtest war positiv. De Führerschäin gouf agezunn.