Photovoltaikanlage promouvéierenNei Solarenergie fir 27’000 Awunner

An den 10 leschte Joer hunn d’erneierbar Energien zu Lëtzebuerg e Sprong no vir gemaach. Ma bei der Solarenergie bleift nach vill ze maachen.

Leschten Update: 10.09.2019, 14:31:32

© Eldoradio

Wärend d’Entwécklung vun der Energieproduktioun duerch Wandkraaft d’Erwaardungen iwwertraff huet, bleift a Saache Solarenergie zu Lëtzebuerg nach vill ze maachen. Dat sot den Energieminister Claude Turmes en Dënschdeg de Moie bei der Presentatioun vun enger zousätzlecher Mesure fir d'Entwécklung vun dëser Zort vun Energie virun ze dreiwen.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Tëscht 2008 an 2018 ass d’Energie aus Solarenergie mat momentan ronn 7’000 Installatiounen ëm 533% geklommen, Lëtzebuerg läit am EU-Verglach mat 222 Watt pro Awunner op der 7. Plaz an awer ass d’Potenzial dem Minister no net genuch ausgereizt. Esou wäert vun e Mëttwoch un en "Appel d’offres" fir Investisseure lancéiert ginn, fir Solaranlage mat engem Volume vun zesumme 40 Megawatt ze installéieren.

© Energieministère


Dat op Industrieterrainen an op industriellen oder soss Gebaier, wéi Scheiere vu Bauerenhäff, op Parkingen an a Weieren a Basengen. Esou soll fir ronn 27’000 Residente Stroum aus Solarenergie hiergestallt ginn.

© Eldoradio
Links