NewsCSSF warnt viru falscher Regulatiounsautoritéit

D'CSSF warnt direkt virun zwou Entitéiten, déi zu Lëtzebuerg hir Servicer ubidden, déi awer keng Autorisatioun dofir hunn oder der CSSF net bekannt sinn.

Leschten Update: 10.09.2019, 15:02:57

© Screenshot fsclux.lu/

D'Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur warnt de Moment virun der sougenannter „Financial Services Commission Luxembourg“. Déi presentéiert sech op hirem Site als eng Regulatiounsautoritéit fir de Finanzsecteur zu Lëtzebuerg a gëtt un hire Sëtz an der Rue Léon Hengen an der Stad ze hunn.

Ma wéi et vun der CSSF heescht gëtt et eng Autoritéit mat dësem Numm zu Lëtzebuerg net. 

Dat selwecht dann och fir eng Societéit mam Numm „Finamore Capital S.A.“, déi ugëtt hire Sëtz an der Areler Strooss ze hunn an déi d'Gestioun vun Investitiounsfongen a Räichtum ubitt. Dës hätt keng Autorisatioun fir hir Servicer zu Lëtzebuerg unzebidden.

Links