NewsTrump gehäit Sécherheetsberoder Bolton eraus

Well dem John Bolton seng Usiichten net méi zu sengen eegene gepasst hunn, huet den Trump säi Sécherheetsberoder gebieden seng Demissioun ze huelen.

Leschten Update: 11.09.2019, 14:45:56

© Sergei GAPON / AFP

Wéi den US-President Donald Trump via Twitter matdeelt huet hie sech vu sengem Sécherheetsberoder John Bolton getrennt. Hien hätt him matgedeelt, dass seng Aarbecht net méi weider gebraucht géif ginn.





Weider géifen hien a weider Mataarbechter verschiddenen Usiichte vum Bolton net deelen, dofir hätt hien de Bolton ëm deem seng Demissioun gebieden.

D'nächst Woch wëllt den Trump en neie Sécherheetsberoder nennen.