NewsEM-Quali: Serbien gewënnt 3:1 géint Lëtzebuerg

Am Stade Josy Barthel gouf et fir d'Lëtzebuerger Fussballnationalequipe en Dënschdeg eng Defaite.

Leschten Update: 11.09.2019, 14:44:26

© Eldoradio

Am Kader vun der EM-Qualifikatioun huet d'Lëtzebuerger Fussballnationalequipe en Dënschdeg géint Serbien gespillt. Fir d'Lëtzebuerger Léiwen gouf et am Stade Josy Barthel eng Defaite. Si hunn 1:3 géint Serbien verluer. Den 11. Oktober trëfft d'Lëtzebuerg dann auswäerts op Portugal. D'Portugisen hunn en Dënschdeg iwwregens 5:1 a Litauen gewonnen.