NewsApple huet 3 nei iPhone-Modeller presentéiert

Apple huet den 10. September nei Produite presentéiert. Ënner anerem 3 nei iPhone-Modeller an 2 nei Streaming-Déngschter.

Leschten Update: 11.09.2019, 14:43:42

© AFP/Josh Edelson

Apple huet en Dënschdeg den Owend nei Produite presentéiert.

3 nei iPhone-Modeller

Den neien iPhone 11 kënnt direkt an 3 Varianten an a 6 neie Faarwen (Giel, Orange, Rout, Blo, Wäiss a Schwaarz). Déi normal Variant vum iPhone 11 huet zwou Kamerae mat neie Funktiounen. En ass mat engem Präis vu 799 Euro un e bësse méi bëlleg wéi de Virgängermodell. Déi zwee aner Modeller iPhone Pro an iPhone Pro Max gëtt et a verschidde Gréissten an hunn direkt 3 Kameraen agebaut. Do schwätze mer vun engem Präis tëscht 1.000 an 1.600 Euro.

Déi nei Modeller hunn dann Akkuen, déi méi laang hale sollen. Riets ass jee vu Modell vun 1 bis 5 Stonne méi laang. Déi zwee méi deier Modeller kritt een da mat 64, 256 a 512 Gigabyte Späicher ugebueden. Déi normal Variant mat 64, 128 an 256 Gigabyte Späicher. Déi nei Modeller soll een iwwregens vum 20. September un, ze kafe kréien. An all den dräi neie Modeller verzicht Apple dann op d‘3D-Touch-Funktioun.

Apple Watch Series 5

D’Apple Watch kritt een Update. Déi wichtegst Neiheet vun der fënnefter Generatioun vun der Apple Watch ass dat den Display net méi ausgeet. D’Zifferblat an d‘Informatiounen um Ecran gesäit een also permanent. Et muss een dofir net méi den Aarm extra beweegen. Déi nei Apple Watch kritt ausserdeem nach ee Kompass, iwwert deen e puer nei Beweegungs-Funktioune méiglech ginn. D’Auer kritt ee vun 449 Euro un. Den deierste Modell gëtt et vu ronn 1.500 Euro un. Och déi nei Aueren si vum 20. September un ze kréien.



Neien iPad ass méi bëlleg a méi grouss

Beim iPad gëtt et dann och een Update. Dat bescht um neien iPad vun der mëttlerweil 7ter Generatioun ass de Präis. De bëllegste Modell mat 32 Gigabyte Späicher a WLAN-Funk gëtt et scho vun 379 Euro un, a soll dann den 30. September an den Handel kommen. Den deierste Modell mat 128 Gigabyte gëtt et fir 619 Euro. Den neien iPad ass e bësse méi grouss.

2 nei Streaming-Déngschter

Apple huet och zwee nei Streaming-Déngschter presentéiert. De Spill-Déngscht Apple Arcade start den 19. September. Fir ronn 5 Euro de Mount kënnen Notzer op d’Voll-Versioune vun iwwer honnert neien, exklusive Spiller zougräifen. Dobäi gëllt den Abo net nëmme fir een Notzer. E kann ouni Aschränkunge mat der ganzer Famill gedeelt ginn.

De selwechte Präis wëll Apple fir säi Video-Streaming-Déngscht Apple TV+ berechnen. Dee start awer eréischt den 1. November. Do gëtt et nach ee klengen Extra: wien nämlech een neien iPhone an iPad keeft, kritt 1 Joer TV+ gratis dobäi.

Hei fann dir déi ganz Presentatioun: