Enseignanten am SecondaireUnerkennung a Respekt feelen

De Mëttwoch de Mueren huet den SEW eng Enquête ronderëm de Beruff vum Enseignant virgestallt. Zefriddenheet gesäit anescht aus.

Leschten Update: 11.09.2019, 14:02:13

© Eldoradio

80% vun den Enseignanten am Secondaire fille sech an hirem Beruff net unerkannt a fir 70% feelt et um néidege Respekt. Dat geet aus den Zuelen ervir, déi d’Gewerkschaft SEW e Mëttwoch kuerz virun der Rentrée presentéiert huet. Zefridden ass der Enquête no nëmmen nach ronn en Drëttel vun den 370 Befroten. An dat dierft net zulescht un der Belaaschtung hänken, déi fir eng grouss Majoritéit immens héich ass. Weider war et ënner anerem d’Kritik un enger schläichender Privatiséierung an um permanente Mangel un Enseignanten.

Alles an allem wier eng Ähnlechkeet mat den Zuelen am Fondamental festzestellen, och wann d’Grondstëmmung nach méi schlecht ze si schéngt. Weider war et d’Ukënnegung, dass een sech fir massiv Astellunge wëllt asetzen. Dat och am Fondamental, wou den SEW eng Reduktioun op 20 Schüler pro Klass fuerdert. Dobäi kënnt dem SEW no e gesellschaftleche Problem, dass Elteren ëmmer manner Zäit hu fir sech ëm hir Kanner ze këmmeren. Ma et misst een déi am Contraire erëm méi responsabiliséieren, dofir missten se awer och déi entspriechend Méiglechkeet an Zäit kréien.

Wat d’Kompetenzzentren ugeet, do fillt een sech grad wat déi nei Reglementatioun vun den Tâchen ugeet, net gutt informéiert, et wëll een deemno méi Transparenz, Matbestëmmung, eng Homologatioun vun den Tâchen a virun allem keng Verschlechterung vun den Aarbechtskonditiounen. Donieft war et awer och geziilt Kritik um Ministère an um Minister. Do géif sech nëmme wéineg ëm pädagogesch Froe gekëmmert ginn, ma méi ëm dat administratiivt. Ënner anerem dowéinst wier et fir d’Enseignante selwer relativ schwéier fir op Krisen, vun deenen et der dem SEW no ëmmer méi ginn, ze reagéieren.

Et hätt een och d’Gefill, dass ee vun den Diskussiounen ewechgehale géif ginn, vum Minister perséinlech dacks diskreditéiert géif ginn, wann ee mat eppes net d'Accord wier an ëmmer erëm viru Faite gestallt géif ginn, bei deenen een net d’Méiglechkeet hat matzeschwätzen, esou den SEW-President Patrick Arendt. Während engem Treffe mam Minister wier een och schockéiert iwwer d’Arroganz vum Minister gewiescht. Eng Bereetschaft zum Dialog hätt een op Säite vum Ministère op all Fall net erkannt.

D’Quereinsteiger gesäit den SEW iwwerdeems als kritesch, et wier zwar de Moment eng Noutléisung, ma dobäi misst et och bleiwen. Dëst kéint net déi komplett an néideg Ausbildung vum Enseignant ersetzen. Wat d’Reform vun de Stagen ugeet, huet een sech iwwerdeems zefridde gewisen, et wëllt een d'Entwécklung awer weider am A halen.