NewsLëtzebuerg: zënter 2018 41 Flüchtlingen opgeholl

Lëtzebuerg huet zënter leschtem Joer am Ganzen 41 Flüchtlingen opgeholl, déi vu Rettungsschëffer am Mëttelmier gerett goufen.

Leschten Update: 11.09.2019, 13:42:23

© JOHN THYS / AFP

zZënter 2018 huet Lëtzebuerg 41 Flüchtlingen, déi vun ONGen aus dem Mëttelmier gerett goufen, opgeholl. Dat äntwert den Immigratiounsminister Jean Asselborn e Mëttwoch op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.

Vun deenen 41 Leit waren der 39 Männer, eng Fra an ee Kand. Zu Lëtzebuerg ukomm, krute si de Statut vum "demandeur d'asile" an duerchlafen déi normal Asylprozedur, esou de Minister weider. Vun de concernéierte Leit kruten der bis ewell 2 den internationale Schutz-Statut zougesprach, bei deene anere géif d'Prozedur nach lafen.

Am nämmlechten Zäitraum goufen dann am Ganzen 840 Persoune vu Rettungsschëffer opgeholl. Dës sinn ënnert den EU-Staaten Frankräich (580), Däitschland (190), Spuenien (100) a Portugal (90) opgedeelt ginn.

LINK / Hei d'parlamentaresch Fro an d'Äntwert.