NewsMann schléit Partnerin zu Miersch mat Fauscht an d'Gesiicht

Zu Miersch an enger Wunneng hat den Dënschdeg de Mueren eng Koppel sech nawell ferm an d'Hoer kritt. Um Enn konnt d'Fra aus der Wunneng flüchten.

Leschten Update: 11.09.2019, 16:13:25

© Pixabay

Den Dënschdeg de Muere war an enger Wunneng zu Miersch e Sträit tëscht enger Koppel séier eskaléiert. Mann a Fra haten sech do fir d'éischt verbal an d'Hoer kritt, duerno ass d'Ausernanersetzung eskaléiert an de Mann huet d'Fra mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen.
Dës konnt awer flüchten an huet dat ganzt bei der Police gemellt.

De Mann selwer krut verbueden sech weiderhin an der Wunneng opzehalen an e gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.