NewsTäter no Abroch a Schoul zu Diddeleng festgeholl

An der Nuecht vun der Sonndeg op e Méindeg waren 3 Persounen an der Schoul an der Rue Gaffelt festgeholl ginn, déi do agebrach waren.

Leschten Update: 11.09.2019, 16:38:32

© Eldoradio

An der Rue Gaffelt zu Diddeleng waren der Police an der Nuecht vun de Sonndeg op e Méindeg Persoune gemellt ginn, déi sech do onerlaabt an engem Schoulgebai opgehalen hunn.

Effektiv konnt d'Patrull och 3 Persoune bannent dem Gebai untreffen, déi mat op de Policebüro geholl goufen. Si hate Saache bei sech, déi se virdrun aus der Schoul geklaut haten.

Eng Persoun gouf festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter. Eng Enquête gouf géint déi zwou aner Persounen ageleet. Déi geklauten Objete kruten d'Proprietären erëm zeréck.