News982 falsch Euroschäiner 2018 entdeckt

Bis den 30. Juni 2019 si bis ewell 249 gefälschten Euroschäiner vun der Zentralbank aus dem Verkéier gezu ginn. Déi meeschten dovu si 50-Euro-Schäiner.

Leschten Update: 11.09.2019, 17:30:48

© Pexels

2018 goufen 982 falsch Euroschäiner zu Lëtzebuerg entdeckt, géintiwwer 2017 sinn dat der 149 manner. Dat äntweren déi responsabel Ministeren op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Mars Di Bartolomeo.

Bei de Mënz waren et der 26 d'lescht Joer a 16 dat Joer virdrun. Fir dat lescht Joer louch Lëtzebuerg domat op dem 24. Rang op EU-Niveau mat 0,14% vun den detektéierte Fälschunge bannent der EU.

Donieft ass nach ze soen, dass d'Fälschungen an der éischter Halschent vun dësem Joer am Verglach zu der selwechter Period an de leschten 2 Joer zeréck gaangen ass.

Links