NewsDan Kersch a WADA-Exekutiv-Comité gewielt

De Lëtzebuerger Minister Dan Kersch gouf an den Exekutiv-Comité vun der Welt-Anti-Doping-Agence gewielt.

Leschten Update: 12.09.2019, 05:11:59

© Eldoradio

De Sportminister Dan Kersch gouf ë Mettwoch vum Europarot an den Exekutiv-Comité vun der Welt-Anti-Doping-Agence WADA gewielt. De Lëtzebuerger huet sech géint 4 aner Kandidaten duerchgesat a wäert Europa fir d’Mandats-Period 2020 bis 2021 am héchste Gremium vun der WADA vertrieden. De Comité besteet aus 12 Vertrieder an trëfft wichteg Entscheedungen a gëtt d’Ausriichtung vun der Agence vir.