NewsRegierungspabeier beleet Geforen duerch ongereegelte Brexit

Déi britesch Regierung huet éischt Dokumenter zum "No-Deal-Brexit" verëffentlecht.

Leschten Update: 12.09.2019, 05:17:06

© Tolga AKMEN / AFP

Op Drock vum Parlament huet déi britesch Regierung een interne Pabeier publizéiert, dee sech mat de Suitte vun engem „No-Deal-Brexit“ befaasst. Am Dokument mam Numm “Yellowhammer“ dat well an der Press zirkuléiert, gi Liwwer-Enkpäss bei Liewensmëttel a Medikamenter virausgesot. Ausserdeem warnen d’Auteure virun ëffentlechen Onrouen. Déi britesch Regierung schwätzt vu Plang-Mesuren fir de schlëmmste Fall.

Den europäesche Brexit-Negociateur Michel Barnier wëll iwwerdeems d’Spëtzte vum EU-Parlament en Donneschdeg iwwert de Stand vun de Gespréicher iwwert de briteschen EU-Austrëtt informéieren. De Barnier gesäit am Virmëtteg de Parlamentspresident an d’Cheffe vun de Fraktiounen. An der Mëttesstonn gëtt de Parlamentspresident dann eng Pressekonferenz. Wéinst der politescher Lag a Groussbritannien huet sech d’EU an de leschte Woche verstäerkt op een ongereegelte Brexit ouni Deal mat London virbereet.