NewsUSA wëllen E-Zigarette mat Goût verbidden

D'USA plangen ee landeswäit Verbuet vun E-Zigarette mat Aromastoffer.

Leschten Update: 12.09.2019, 13:33:30

© AFP/Archiv/PAUL J. RICHARDS

D’US-Regierung wëll E-Zigarette mat Goût verbidden. Déi si virun allem bei deene Jonke beléift. Wéi et vum US-President Trump heescht, schafft de Gesondheetsministère un enger Direktive fir ee Verbuet vun deene Produiten. Antëscht gëtt an den USA vun enger Epidemie geschwat. Ee Fënneftel vun de Jonken huet de läschte Mount zu der e-Zigarett gegraff. Ausserdeem leiden op d'mannst 450 Mënschen un enger mysteriéiser Longekrankheet. 6 vun hinne si well gestuerwen. Si waren all Konsumente vun der E-Zigarett.