NewsEU a WHO soen Impfgéigner de Kampf un

A Länner wou d'Zuel vun den Impfungen zeréckgeet, wier eng Impfflicht denkbar, esou den zoustännegen EU-Gesondheetskommissär am Kader vum Impfsommet.

Leschten Update: 12.09.2019, 16:09:30

© pixabay

Den EU-Gesondheetskommissär Andriukaitis ass fir eng Impfflicht, a Länner wou d’Zuel vun den Impfungen erofgeet. Dat sot hien am Kader vum Welt-Impfsommet, den Donneschdeg zu Bréissel ass.

Wéinst der Hausse vun verschiddene Krankheete wéi Riedele wëllen d'EU an d'Weltgesondheetsorganisatioun och aktiv géint Impfskeptiker virgoen. En zentrale Problem wier virun allem dat wuessend Mësstraue géintiwwer der Wëssenschaft, dat duerch Falschinformatiounen an de sozialen Netzwierker geniert géif ginn.

Ënner anerem den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet d'Impfgéigner schaarf kritiséiert. Während a verschiddene Regioune vun der Welt Leit wéinst dem Mangel un Impfstoffer géife stierwen, géifen an Europa Leit sech an anerer a Gefor bréngen, well se Impfunge refuséieren. 

Am Zentrum vun der Impf-Debatte stinn d'Riedelen, déi als vermeidbar gëllen, sech awer an Europa ausbreeden. D'WHO huet an den éischte 6 Méint vun dësem Joer ronn 90.000 Fäll registréiert. Dat ware well méi wéi déi ronn 84.500 Fäll am ganze Joer 2018.