NewsUni-Skandal: Felicity Huffman zu Prisong veruerteelt

D'US-Actrice Felicity Huffman gouf e Freideg wéinst Bestiechung zu Boston veruerteelt.

Leschten Update: 14.09.2019, 10:10:50

© JOSEPH PREZIOSO / AFP

An den USA gouf déi bekannt Actrice Felicity Huffman zu zwou Woche Prisong an enger Geldstrof vun 30 000 Dollar veruerteelt. D’Huffman an aner räich Elteren hate mat Sue bestach, fir datt hier Kanner op prestigiéisen Unie wéi Yale ugeholl ginn. Virum Geriicht hat d’Actrice sech schëlleg bekannt an huet domat eng länger Prisongsstrof evitéiert.