News"Ocean Viking"- Rettungsschëff dierf op Lampedusa uleeën

Déi 82 Migranten u Bord wäerte vu 5 europäesche Länner dorënner Lëtzebuerg opgeholl ginn, esou de franséischen Inneminister Christophe Castaner.

Leschten Update: 15.09.2019, 10:07:30

© CLEMENT MAHOUDEAU / AFP

D’Flüchtlingen u Bord vum Rettungsschëff “Ocean Viking” dierfen e Samschdeg an Italien u Land goen. Dat huet d’NGO “SOS Méditerranée” matgedeelt. Déi italienesch Autoritéiten hätten der NGO confirméiert datt d’Schëff op Lampedusa uleeë kéint. 82 Migrante sinn u Bord. Wéi et vum franséischen Inneminister Christophe Castaner op Twitter heescht ginn dës vu 5 europäesch Länner, dorënner Lëtzebuerg, opgeholl.