News19-järege Mann stierft een Dag no Aarbechtsaccident

Wéi d'Police schreift hat e jonke Mann en Donneschdeg en Aarbechtsaccident. E Freideg den Owend ass hien dunn am Spidol u senge Blessure gestuerwen.

Leschten Update: 14.09.2019, 11:42:23

© Eldo

Leschten Donneschdeg koum et zu engem Aarbechtsaccident um Cents. En Aarbechter gouf bei enger Chute vun enger Leeder schwéier verletzt a gouf an d’Spidol bruecht. Den 19-järege Mann ass e Freideg den Owend u senge Blessuren am Spidol gestuerwen.