NewsAlkoholkontroll an der Stad: Permise goufen agezunn

Wéi d'Police mellt koum et an der Nuecht op e Samschdeg zu Alkoholkontrollen an der Stad.

Leschten Update: 14.09.2019, 12:27:32

© Eldoradio Archiv

Op Uerder vum Procureur goufen an der Nuecht op e Samschdeg an der Stad Alkoholkontrollen duerchgefouert. 139 Automobiliste goufe kontrolléiert. A 14 Fäll war d’Kontroll positiv. 9 Procès-Verbauxen an 9 Protokoller goufe gemaach. 3 Permise goufen op der Plaz agezunn.

Da sinn zu Gréiwemaacher zwee Ween duerch hire Fuerstil opgefall. D’Chauffere waren ënner staarkem Alkoholafloss. D’Autoe goufen immobiliséiert an d’Permise goufen agezunn. Ee Protokoll gouf opgeschriwwen.

An der Stad, zu Diddeleng an zu Bäreldeng goufen Automobiliste gestoppt déi och alkoholiséiert waren. Och do goufen d’Autoen immobiliséiert an e Protokoll gemaach. Hinne gouf de Führerschäin ewechgeholl.