NewsGlobal stierwe 5 Leit an der Minutt duerch falsch Behandlung

All Minutt stierwe 5 Mënschen duerch falsch medezinesch Behandlungen, esou mellt et déi international Organisatioun fir d'Gesondheet WHO.

Leschten Update: 14.09.2019, 16:17:41

© www.pixabay.com

Millioune Mënsche stierwe weltwäit duerch falsch Traitementer esou déi international Organisatioun fir d’Gesondheet WHO. “All Minutt géinge 5 Persoune wéinst falscher Behandlung stierwen”, esou de Chef vun der WHO den Tedros Adhanom zu Genf. 

Um 17. September ass et fir déi éischte Kéier den Dag vun der Patientegesondheet. Domat wëll d’WHO op d’Thema opmierksam maachen. 

A ronn 150 Länner mat nidderegem a mëttlerem Akommes kéimen de Schätzungen no 2,6 Millioune Mënschen duerch feelerhaft medezinesch Behandlungen ëm d’Liewen. 

Den Haaptproblem wier deemno déi streng Hierarchie wou jonk Leit sech net trauen eppes ze soen oder wou Aarbechter Angscht hunn an dowéinst näischt matdeelen.