NewsKonflikter tëscht Demonstranten zu Hongkong

Um Samschdeg ass et nees zu Ausernanersetzungen tëscht béide Säite vun den Demonstrante zu Hongkong komm. D'Police huet missen agräifen.

Leschten Update: 14.09.2019, 17:12:28

© ISAAC LAWRENCE / AFP

Op e neits ass et haut zu Ausernanersetzunge bei Demonstranten zu Hongkong komm. Wéi et heescht, gouf et bei Kläppereien an Akafszentren e puer Blesséierter. 

Prochinesesch Demonstrante si mat Demokratie Aktivisten unenee gerode woubäi d’Police huet missen agräifen. 

D’Konflikter sollen eréischt opgehalen hunn wéi d’Police béid Säite konfrontéiert huet. Zënter Mëtt Juni demonstréiere Millioune Mënschen zu Hongkong fir demokratesch Grondrechter, esou däitsch Medien.