NewsJohnson vergläicht Groussbritannien mat Comicfigur Hulk

De britesche Premierminister huet säi Land mam Hulk verglach: "Den Hulk ass ëmmer aus all Situatioun eraus komm, egal, wéi enk et fir hie war".

Leschten Update: 15.09.2019, 09:14:07

© Erika Wittlieb / Pixabay

De britesche Premierminister Boris Johnson huet sech géigeniwwer der Mail on Sunday "immens zouversiichtlech" gewisen, datt et zu engem méigleche Brexit-Ofkommes mat der EU géif kommen. Hien hätt "grouss Fortschrëtter" gemaach, fir eng Eenegung mat der Europäescher Unioun ze fannen. Bis zum EU-Sommet den 17. Oktober wier "nach vill Aarbecht noutwenneg", mee hie géif op alle Fall "eng Eenegung fannen". Wann dëst net sollt de Fall sinn, géif Groussbritannien wéi geplangt den 31. Oktober austrieden. 

An dësem Kontext huet hie Groussbritannien mat der Comicfigur Hulk verglach: "Wat den Hulk méi béiss gëtt, wat hie méi staark gëtt. An hien ass ëmmer dovu komm, egal, wéi enk d'Situatioun fir hie war". An dëst wier och fir Groussbritannien de Fall. 

Den Johnson trëfft sech e Méindeg a Lëtzebuerg mam Jean-Claude Juncker, fir iwwert de Brexit ze beroden.