NewsCIA huet probéiert, Kazen an Delfinen als Spiounen ze notzen

D'CIA huet jorelaang probéiert, aus Kazen, Delfinen a Vigel Spiounen ze maachen. Dës Versich waren awer net immens erfollegräich.

Leschten Update: 15.09.2019, 11:16:04

© Enriquelopezgarre / Pixabay

Dokumenter aus den Archive vun der CIA hu gewisen, datt Déieren-Trainer vum US-Geheimdéngscht am 20. Joerhonnert jorelaang probéiert hunn, Déiere wéi Kazen, Delfinen a Vigel als Spiounen ze trainéieren. 

Dës Versich waren awer net immens erfollegräich. Ënnert anerem ass den talentéierte Kueb mam Numm "Do Da" 1974 bei enger Missioun verschwonn. Och aner Vigel goufen dorop trainéiert, fir erauszefannen, wou sech Chemiewaffen-Anlage vun der Sowjetunioun befannen, mä dat huet och net gutt geklappt.

Weider huet d'CIA probéiert, Kaze fir d'Ofhéieren ze benotzen an Hënn iwwer Gehir-Implantater fernzesteieren. Och dës Versich waren awer net immens erfollegräich. 

Och mat Delfinen hunn d'Fuerscher geschafft. Si sollte Mëtt vun de 60er Joer ënner anerem d'Entwécklung vu sowjeteschen Atom-U-Booter ausspionéieren. Mee och dës Programmer huet d'CIA mëttlerweil opginn. Bei der US-Marinn sinn awer bis haut nach Delfinen a Séihënn am Asaz.