NewsBrand an engem Appartement zu Rolleng

De CGDIS mellt e Brand an engem Appartement zu Rolleng e Sonndeg Mëtteg. Et gouf kee blesséiert.

Leschten Update: 15.09.2019, 18:15:37

© Eldoradio

Wéi de CGDIS matdeelt, koum et an der Mëttesstonn e Sonndeg zu engem Feier an engem Appartement zu Rolleng. Et gouf kee blesséiert.

Um Findel an der route de Trèves gouf en Automobilist blesséiert, dee géint en Auto geknuppt ass.

An zu Déifferdeng gouf eng Persoun ugestouss a blesséiert.