NewsACEL kritiséiert Diskriminatioun vu Lëtzebuerger Studenten

Nieft dem Stagegesetz ass et op der ACEL-Pressekonferenz fir d'Rentrée och ëm Diskriminatioun vu Lëtzebuerger Studenten a verschiddenen EU-Länner gaangen.

Leschten Update: 16.09.2019, 12:28:00

© Pixabay

Op enger Pressekonferenz vun der Associatioun vun de Studentencercelen am Kader vun der Schoulrentrée huet déi sech virop zefridde mat der Entwécklung a Saache Stagegesetz am mat der neier Opnam vum Gesetzprojet gewisen.

Donieft war et d'Kritik um éisträichesche System vun de Radio- an Tëleesfraisen. Hei kéinten éisträichesch Studenten a bestëmmte Fäll dovu befreit ginn, fir Lëtzebuerger Studente wier dat awer net de Fall.

Eng weider Diskriminatioun wier d'“Taxe d'habitation“ a Frankräich, vun där vill Lëtzebuerger Studenten an der Vergaangenheet och wann se kee fixe Revenu hunn, nach net befreit gi wieren.

Och d'KFZ-Steier an Däitschland war en Thema. Vill Studente wieren an der Vergaangenheet vun der Police beschëllegt ginn, hir Steieren net bezuelt ze hunn. Dat däitscht Gesetz gesäit nämlech vir, dass Persounen, déi zanter 6 Méint an Däitschland wunnen hiren Auto och do mussen umellen. Ma déi Lëtzebuerger Studenten hätten deen an der Reegel schonn zu Lëtzebuerg ugemellt. Et hätt een zwar d'Reprochen zeréckweise kënnen, ma et misst een elo ofwaarden, ob d'Approche vun den däitschen Autoritéiten sech an Zukunft wäert änneren. En europäescht Reglement an där Hisiicht wier vun Däitschland net ratifizéiert ginn.

Links