NewsULC fuerdert méi bëlleg Taxispräisser

D'Taxispräisser zu Lëtzebuerg sinn der ULC no trotz dem Taxisgesetz net méi bëlleg mä am Contraire méi deier ginn.

Leschten Update: 16.09.2019, 13:46:44

© Eldoradio

D'Taxispräisser zu Lëtzebuerg sinn ze deier, dat kritiséiert d'ULC an engem Communiqué vun de Méindeg. Deemno wieren den Zuele vum Statec no d'Taxistariffer vun 2016 op 2018 ëm duerchschnëttlech 6,6% geklommen an domat wier Haaptzil vun der Taxisreform net erreecht ginn.

D'Präisser fir en Trajet vun 10 Kilometer géifen esou tëscht 22,5 a 45 Euro variéieren.

D'Präisser zu Lëtzebuerg géifen esou zu deenen deierste vun der Welt gehéieren an dofir géif ee gespaant op déi gesetzlech Propose vum Mobilitéitsminister waarden.

Links