NewsZeienopruff no Reanimatioun beim Stater Park

Wärend der Fouer ass e Mann wéinst akuten Otemproblemer zesummegebrach. D'Secouriste goufe mat Zäit vun 2 Aenzeien alarméiert - no dëse sicht d'Police elo.

Leschten Update: 16.09.2019, 17:13:59

© Eldoradio Archiv

Wéi d'Police schreift, koum et an der Nuecht vum 11. op den 12. September zu engem tragesche Virfall an der Avenue de la Porte Neuve, an der Géigend vun der Haaptentrée vum Stater Park. E Mann krut keng Loft méi an ass zesummegebrach.

Opmierksam Passanten hunn direkt d'Rettungsequippen an der Entrée vun der Fouer alarméiert, déi de Mann reaniméiert hunn. Nodeems d'Secouriste fäerdeg waren, ware béid Aenzeie verschwonnen.

An deem Kader lancéiert d'Police en Opruff. Dës 2 Persounen, eng Fra an eng weider Persoun, kënnen hëllefen, den Oflaf ze rekonstruéieren, well de Mann ausser Siicht vun Iwwerwaachungskameraen zesumme gaangen ass. Dës 2 Persoune solle sech bei der Stater Police mellen. D'Nummer hei ass den 24440 4500.