NewsPäerdskutsch fält ëm, 1 Schwéierblesséierten

Zu Bidscht gouf e Sonndeg e Kutscher schwéier blesséiert, nodeems d'Päerd duerchgaangen an d'Kutsch doropshin ëmgefall ass.

Leschten Update: 16.09.2019, 18:34:47

© Police

E Sonndeg am fréien Nomëtteg gouf et zu Bidscht en Accident mat enger Päerdskutsch. Wärend der Faart ass d'Päerd duerchgaangen. Dobäi huet d'Kutsch esou gewackelt, datt de Kutscher eraus katapultéiert gouf an d'Gefier ëmgefall ass. Wéi d'Police weider schreift gouf hie schwéier blesséiert an d'Spidol bruecht. D'Päerd ass nach e Stéck weider gelaf an huet en Auto beschiedegt.