NewsErmëttler fuerderen dem Trump seng Steiererklärungen un

De Parquet fuerdert Steiererklärungen vum US-President Trump. Et geet ëm Ermëttlunge ronderëm d'Porno-Actrice Stormy Daniels.

Leschten Update: 17.09.2019, 05:27:10

© Brendan Smialowski AFP

De Parquet vun New York zwéngt den US-President Trump seng Steiererklärungen erauszeginn. Wéi US-Medie mellen, soll de Parquet Dokumenter aus 8 Joer ugefuerdert hunn. D’Ermëttler wëllen domat presüméiert Geldbeträg, déi un eng Porno-Actrice gaange sinn, opklären. D’Sue wieren aus dem Walkampf gewiescht a soll d’Actrice kritt hunn, fir näischt iwwert den Trump ze soen. D’Demokraten hoffen an den Dokumenter Indicen ze fannen, déi beweisen dass den Trump a Geschäfter mat Russland verwéckelt war.