NewsGreta Thunberg mat Amnesty-Präis ausgezeechent ginn

Eng Virreiderin fir de Klimaschutz ass si well, elo dierf sech d'Greta Thunberg als Ambassadrice vum Gewëssen nennen. De Präis dozou krut se vun Amnesty.

Leschten Update: 17.09.2019, 05:29:52

© HERBERT PFARRHOFER / APA / AFP

Déi schwedesch Klima-Aktivistin Greta Thunberg an d’Protestbeweegung „Fridays for Future” si mam Mënscherechtspräis vun Amnesty International ausgezeechent ginn. D’Greta Thunberg protestéiert zënter méi wéi engem Joer fir méi Klimaschutz. Aus hirem Schoulstreik all Freides ass mëttlerweil eng international Protest-Beweegung ginn. „D’Auszeechnung wier fir all déi Jonk déi keng Angscht hunn a fir hir Zukunft kämpfen“, esou d’Greta Thunberg bei der Präis-Iwwerreechung.