NewsEldoradio weider staark um Radiosmarché

Wéi d'Zuele vun der TNS-ILReS Plurimedia Etüd weisen, behält Eldoradio seng staark Positioun um Lëtzebuerger Radiosmarché.

Leschten Update: 17.09.2019, 12:22:56

© Eldoradio

En Dënschdeg gouf déi nei TNS-ILReS Plurimedia Etüd publizéiert. Eldoradio huet weider eng staark Positioun um Lëtzebuerger Radiosmarché.

An enger Woch erreeche mer mat eisem Radio an eisem Site eldo.lu méi wéi 215.000 Leit, dat si ronn 42% vun den Awunner zu Lëtzebuerg iwwer 15 Joer. Ronn 43% vun eisen Nolauschterer sinn Net-Lëtzebuerger.

E grousse Merci vun der ganzer Eldo-Equipe dofir!
Links