NewsPolice ermëttelt no Alarm am Stafelter Tunnel

Wéinst engem Alarm gouf den Dënschdeg de Mueren den Tunnel Stafelter gespaart an dat huet natierlech zu déckem Stau gefouert.

Leschten Update: 17.09.2019, 18:53:21

© Screenshot CITA

Kuerz virun 10 Auer en Dënschdeg huet den automatesche Warnsystem am Stafelter Tunnel en Alarm ausgeléist an dëse gespaart. Dat hunn d'Ponts et Chaussées am spéiden Dënschdeg Nomëtteg an engem Communiqué confirméiert.

Nodeems d'Systemer iwwerpréift goufen, konnt den Tunnel géint 11 Auer 30 nees opgemaach ginn. D'Police ermëttelt elo.

Wéi et weider heescht, wollten eng Partie Chaufferen op der Autobunn d'Kéier maachen, dat wéinst dem laange Stau, deen dëse Virfall provozéiert hat. Wéi d'Stroossebauverwaltung schreift, sinn esou Manövere geféierlech, dat fir sech selwer ma och fir aner Automobilisten a sollen deemno ënnerlooss ginn.

Hei d'Schreiwes:

Fermeture du tunnel Stafelter peu avant 10 heures suite à une alerte automatique et réouverture vers 11 h 30, après un contrôle des localités et des systèmes de sécurité (17.09.2019)

Communiqué par: Administration des ponts et chaussées

Le 17 septembre 2019, peu avant 10 heures, le système d’alerte automatique du tunnel Stafelter a procédé à la fermeture du tunnel. Après vérification des systèmes de sécurité et des locaux, il a été rouvert vers 11 h 30. La police de la route, qui s’est rendue sur place, mène l’enquête.

Suite à la fermeture du tunnel, certains automobilistes ont voulu faire demi-tour. L’Administration des ponts et chaussées rappelle que de telles manœuvres sont illicites et dangereuses. De plus, elles compromettent la sécurité des autres usagers de la route et des services de secours. Dans de pareils cas, il est recommandé de libérer le couloir de secours afin de ne pas bloquer l’accès aux personnes en danger.