NewsUS-Regierung verklot Edward Snowden

Den Edward Snowden huet seng Memoire verëffentlech. D'US-Regierung wëll hien dowéinst verkloen. D'Buch gouf net vun de Geheimdéngschter iwwerpréift.

Leschten Update: 18.09.2019, 06:24:11

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Phillip Faraone

D’US-Regierung verklot den Edward Snowden, wéinst der Verëffentlechung vu senge Memoiren. Dem Justizministère no verstéisst de Snowden mat sengem Buch géint vertraulech Accorde mat de Geheimdéngschter CIA an NSA. D’Buch "Permanent Record" wier ouni Iwwerpréiwung duerch d‘Geheimdéngschter publizéiert ginn. Dat wier sou net ausgemaach ginn. D’Regierung wéilt dowéinst op d’Recetten zougräifen, déi hien duerch de Verkaf vum Buch kritt. De fréiere Geheimdéngscht-Mataarbechter hat 2013 NSA-Dokumenter u Journaliste weiderginn.