NewsLogementspräisser op en Neits geklommen

Wéi ze erwaarde geet de Präis vun de Logementer zu Lëtzebuerg net erof, am Géigendeel. Op e Joer ass et eng duerchschnëttlech Hausse vun 11,4%.

Leschten Update: 07.10.2019, 15:25:48

© Pixabay

Wéi aus den Zuele vum STATEC ervir geet, sinn d'Logementspräisser op e Joer gekuckt am zweeten Trimester par Rapport zur selwechter Period d'lescht Joer weider geklommen.

An dat ëm ganzer 10,8% fir Appartementer, déi scho stoungen, 11,5% fir nei gebauten Appartementer an 11,8% fir Haiser.

Esou kascht e scho gebauten Appartement an der Moyenne 6'742 an een wat gebaut gëtt 6'646 Euro de Quadratmeter. De Präis fir en Eefamilljenhaus läit an der Moyenne bei 742'335 Euro.

Links