NewsKeng Aktualiséierung vun Diplom no Geschlechtsännerung

Wie säi Geschlecht a säin Numm zu Lëtzebuerg ännert, muss sech mat den alen Diplomer zefridde ginn oder en Ersatz-Zertifikat ufroen.

Leschten Update: 07.10.2019, 17:43:40

© Pexels

No enger Ännerung vu Geschlecht an Numm am État civil ginn zu Lëtzebuerg keng nei Diplomer ausgestallt, op deenen dëst Changement agedroe wier. Dat äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Paul Galles.

Deen hat d'Fro no Diskriminéierung a psycheschem Drock gestalt, wann d'Diplomer net mat den neie Pabeiere géifen iwwertenee stëmmen, wann déi concernéiert Persoun sech bei engem Patron oder enger Uni presentéiert.

Vum Minister huet et geheescht, dass een sech der Problematik bewosst wier, ma d'Ännerunge vum État civil wieren net retroaktiv. Ma et kéint een sech dofir ouni Problem en Zertifikat mat den aktuellen Daten um Educatiounsministère ausstelle loossen, dëse wier dat selwecht wäert wéi den originalen Diplom.

Links