NewsGréissere Coup géint Drogekriminalitéit an der Stad

No méintelaangen Ermëttlunge konnten d'Douane an d'Police den 2. Oktober eng Rëtsch Verdächteger aus dem Drogemilieu pëtzen.

Leschten Update: 07.10.2019, 18:06:54

© NOEL CELIS / AFP

Wéi et vun der Police heescht ass zesumme mat der Douane den 2. Oktober no méintlaangen Ermëttlungen e gréissere Coup géint d'Drogekriminalitéit am Garer Quartier an der Stad gelongen. Heibäi goufen eng Rëtsch Verdächteger festgeholl, déi am Verdacht sti mam Verkaf vun Drogen a Verbindung ze stoen. Déi haten sech an der Rue du Fort Neipperg an der Géigend vun enger Struktur fir Jonker opgehalen.

Géint 16.50 Auer haten eng 50 Beamten dunn ënner anerem mat Autoen déi 4 Zougangsstroossen blockéiert an all d'Leit kontrolléiert, déi sech nach an der Strooss opgehalen haten.

7 presuméiert Dealer koume virun den Untersuchungsriichter, weider goufen 8 Perquisitioune gemaach a 7 Weiderer goufe wéinst dem Besëtz vun Droge bestrooft.