News"Mir mussen och all an déi selwecht Richtung zéien"

An der Chamber huet de Premier Xavier Bettel en Dënschdeg seng Ried zur Lag vun der Natioun gehalen, déi 1. no de Walen 2018.

Leschten Update: 14.10.2019, 17:42:41

© Screenshot chd.lu

D'Ried zur Lag vun der Natioun ass en traditionelle Rendezvous. Nieft der Vereedegung vun der neier Deputéiert Semiray Ahmedova vun déi gréng, déi fir de Roberto Traversini noréckelt, huet de Lëtzebuerger Premier dësen Dënschdeg de Mëtteg nees en Iwwerbléck ginn, wéi et dem Grand-Duché geet an en Ausbléck gemaach, wat ee wëlles huet. Am Resumé ass de Premier op d'Staatsfinanzen agaangen an huet erkläert, wat d'Regierung an Zukunft geplangt huet, respektiv wat déi grouss Defie fir de Grand-Duché sinn.



Wéineg verwonnerlech ass et deemno, datt de Sujet vun der Klimapolitik als éischte Punkt ugeschwat gouf. "De Klimawiessel ass de Sujet, deen d’Mënsche beweegt. Et beweegt d’Leit queesch duerch d’Welt", esou de Xavier Bettel. Dem Premier no, wier et irresponsabel, net richteg a virun allem net gerecht fir déi zukünfteg Generatioun an natierlech fir eise Planéit, wann net endlech méi gemaach gëtt. D'Bierger a virun allem déi Jonk fuerderen d'Regierung op, eppes ze änneren, an dat zu Recht, esou de Premier weider.



An den nächste 5 Joer ginn 200 Milliounen Euro un Hëllef deblockéiert, fir deene Länner ze hëllefen, déi am meeschte vum Klimawandel betraff sinn. Deemno war et op en Neits d'Annonce, um Paräisser Klimaofkommes festzehalen an et wier een um gudde Wee: "An Zukunft gëtt d’Méiglechkeet geschaaft fir kleng Photovoltaikanlage mat enger Kraaft vun ënner 10 Kilowatt ze fërderen. Et gëtt en nationalen Effort gemaach un deem d’Bierger sech kënnen a solle bedeelegen", esou de Xavier Bettel.



D'Staatsfinanze sinn gesond, Enn Juni gouf deemno en Iwwerschoss 869 Milliounen Euro festgehalen. Bei de Recetten ass et e Plus vun 13,4% par Rapport zum 1. Semester vun 2018. A Punkto Dateschutz huet de Premier op d'Virdeeler an d'Geforen higewisen. Et mussen deemno e Kader a kloer Reegele geschaaft ginn, fir domat ëmzegoen. "De Bierger muss sech drop verloossen, dass de Staat virsiichteg mat Informatiounen ëmgeet, déi perséinlech sinn", esou de Xavier Bettel.



De Premier huet der Chamber proposéiert, datt den Dateschutz-Kommissariat beim Staat e Rapport soll maachen, also eng Bestandsopnam, wéi d'Dateschutzrichtlinne beim Staat selwer ëmgesat ginn. Esou sollen eventuell Schwaachstellen identifizéiert ginn. Natierlech ass de Premier an deem Kader och op de sougenannten "Casier bis" agaangen. D'Datebank vun der Police huet eng legal Basis, ma awer muss nogebessert ginn. E spezielle Comité soll zesumme mat der Dateschutzkommissioun dru schaffen, dës Schwaachstellen ze behiewen, dat nämmlecht gëllt och fir den "Jucha"-Dossier bei der Justiz.



Donieft ass de Premier och op d'Reform vun der Steierpolitik agaangen. D'Fro vun der Präisentwécklung am Logement ass hei déi iewescht Prioritéit, esou de Xavier Bettel. D'Leit sollen ënnerstëtzt an entlaascht ginn. "Et geet net duer, dass mer all un engem Strang zéien, mir mussen och all an déi selwecht Richtung zéien", esou den Ofschloss vun der Ried zur Lag vun der Natioun.

Wéi gesi dir d'Situatioun hei zu Lëtzebuerg? Mir hu bei iech nogefrot!