NewsMesserattack zu Paräis: Hat den Täter IS-Propaganda-Videoen?

Dee Mann deen d'lescht Woch 4 Polizisten zu Paräis erstach huet, soll "Le Parisien" no een Datestick mam IS-Propaganda-Videoe gehat hunn.

Leschten Update: 08.10.2019, 06:06:45

© Eldoradio

No der Messerattack zu Paräis an engem Police-Büro ginn et wuel ëmmer méi Indicen op een islamisteschen Hannergrond. Beim 45-järegen Täter, dee vun der Police erschoss gouf, hätt een en Datestick mat Propaganda-Videoe vun der IS-Terrormiliz fonnt. Dat schreift d’Zeitung „Le Parisien“ a berifft sech op Ermëttler. Bekannt ass well, dass de Mann Kontakter zu presuméierte Salafisten hat. Hien hat de leschten Donneschdeg 4 Polizisten erstach an zwee weiderer blesséiert.

D’Police-Präfektur zu Paräis erënnert dann um Dënschdeg un déi 4 Doudesaffer vun der Messerattack. Bei der Zeremonie ass och de franséische President Emmanuel Macron dobäi, deen d’Attack als Drama bezeechent.