NewsKeng Infraktiounen op Dog-Expo festgestallt

Well et ëmmer nees zu Virfäll komm ass, sinn d'Kontrollen op der Dog-Expo verstäerkt ginn. Dëst Joer gouf et een Tëschefall, esou de Minister.

Leschten Update: 08.10.2019, 17:51:08

© Pixabay

Op der Dog-Expo, déi den 31. August an 1. September zu Lëtzebuerg organiséiert ginn ass, goufe keng Infraktioune festgestallt. Dat äntwert de Landwirtschaftsminister Romain Schneider en Dënschdeg op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Marc Goergen.

Et gouf awer een Tëschefall gezielt. Hei hat en Aussteller Hënn am Auto gelooss, obwuel dëst jo verbueden ass. De Problem gouf awer séier behuewen, esou de Romain Schneider.

Donieft gëtt nieft de Kontrolle bei der Entrée an um Parking och eng Permanence vu Veterinären de ganzen Dag iwwer agesat, esou de Minister weider.

LINK / Hei d'parlamentaresch Fro an d'Äntwert!