NewsLocatiounssystem fir E-Scooter och elo zu Lëtzebuerg

Déi amerikanesch Entreprise "Bird" bitt och elo zu Lëtzebuerg E-Scooteren fir ze lounen un. Um Glacis sinn en Dënschdeg eng Partie där Scootere gesi ginn.

Leschten Update: 08.10.2019, 17:32:36

© Eldoradio

Och op de Lëtzebuerger Stroosse gesäit een där E-Scooteren ëmmer méi, e richtege Locatiounssystem gouf et bis ewell awer net. Dat soll sech elo änneren.

D'Entreprise "Bird" aus Kalifornien bitt hire System elo och zu Lëtzebuerg un, dee mat Hëllef vun enger App um Smartphone funktionéiert.

Wéi d'Silicon Luxembourg schreift, sollen 360 där Gefierer verdeelt op ronn 40 Statiounen disponibel sinn. D'E-Scooteren op der Foto stinn um Glacis.

LINK / Wéi ass en E-Scooter am Stroosseverkéier gereegelt?

© Eldoradio

© Eldoradio