NewsUS-Militär-Jet hei vir an Däitschland erofgefall

Den Dënschdeg ass en US-Militärfliger net wäit vun Tréier ewech erofgefall. De Pilot konnt sech mam Schleidersëtz retten.

Leschten Update: 08.10.2019, 17:09:05

© MANJUNATH KIRAN / AFP

A Rheinland-Pfalz bei Zemmer-Rodt ass hei vir an Däitschland den Dënschdeg en US-Militärfliger erofgefall. Wéi et vun der Police vun Tréier heescht, konnt de Pilot sech mam Schleidersëtz retten a gouf an d'Clinique bruecht.

De Fliger war op der US-Bas zu Spangdahlem stationéiert. Iwwer d'Ursaach vum Ongléck ass bis ewell nach näischt gewosst.

Wéi et vun der Lëtzebuerger Police heescht si ronderëm d'Plaz vum Accident ronn 10 Kilometer vun der Grenz ewech eng Rëtsch Stroosse gespaart. Deemno sollt een de Beräich evitéieren.