NewsKeng besonnesch Placke fir Elektroautoen ze erkennen

Fir de Mobilitéitsminister mécht et kee Sënn fir d'Autoe jee no der Motoriséierung duerch hir Plack anescht ze kennzeechnen.

Leschten Update: 08.10.2019, 18:45:44

© Ezequiel BECERRA / AFP

Extra Placke fir Elektroautoe vun Autoe mat Verbrennungsmotor ze ënnerscheede sinn net sënnvoll. Dat äntwert de Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Sven Clement.

Et géif deemno kee Sënn maachen, z.B. bei Vitesslimitatioune wéinst Ozonwarnunge verschidde Vitesse fir ënnerschiddlech Autoen ze erlaben. Dofir wier dann och eng extra Plack net néideg.

Ausser op Parkplaze mat Opluetstatioune wier iwwerdeems och keng Ausnam am Code de la Route virgesinn, do géif een Autoen déi luede jo awer schonn duerch de Kabel erkennen.

Links