NewsBrit knackt 190 Mio Euro Jackpot bei Lotterie Euromillions

Stellt iech vir dir spillt Euromillions an dir gewannt net manner wéi 190 Milliounen Euro. Sou ass et elo engem Brit gaangen.

Leschten Update: 09.10.2019, 04:31:01

© AFP/JOEL SAGET

En Dënschdeg gouf den Jackpot an der Lotterie Euromillions geknackt. Eng Persoun aus Groussbritannien kann sech besonnesch freeën, si huet nämlech net manner wéi 190 Milliounen Euro gewonnen. Et ass eréischt déi 4. Kéier, dass d'Uewergrenz vun 190 Milliounen Euro erreecht gouf.