NewsTimmermans wëll EU bis 2050 emissiounsfräi maachen

Schonn an den éischten 100 Deeg vu senger Amtszäit wëll den zukünftege Vizepresident vun der EU-Kommissioun ee Klimaschutz-Gesetz virschloen.

Leschten Update: 09.10.2019, 04:52:48

© AFP/INA FASSBENDER

Als neie Vizepresident fir Klimaschutz bei der EU-Kommissioun wëll de Frans Timmermans d’CO2-Emissiounen an der EU drastesch reduzéieren. Wéi den designéierte Vizepresident en Dënschdeg wärend senger Unhéierung am EU-Parlament sot, wéilt hien an den nächsten 100 Deeg een entspriechende Gesetzesentworf virleeën. D’Zil vun der Klima-Neutralitéit bis 2050 muss him no an engem EU-Gesetz verankert ginn. Ausserdeem misst een direkt domadder ufänken, méi éiergäizeg Ziler bis 2030 auszeschaffen.